Kann d’Regierung confirméieren, datt verschidde Polizisten déi eng sougenannt „out-in Prozedur“ gemaach hunn nach ëmmer am Grupp de Traitement C1 blockéiert sinn? Wa jo, firwat?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weider ze leeden.

Ufank 2021 hat d’Regierung ugekënnegt datt wat de Rekrutement vu Polizisten ugeet, eng Evaluatioun sollt gemaach ginn vum „recrutement interne“ an analyséiert ginn op e „changement d’administration“ och fir d’Police kéint a Fro kommen.

Laut mengen Informatiounen ass an deem Zesummenhang awer nach näischt geschitt, esou datt et nach ëmmer net méiglech ass fir vereedegt Beamten aus dem ëffentlechen Déngscht iwwert en „changement d’admintration“ an de „cadre policier“ ze wiesselen. Dat obwuel d’Police dréngend nei Poliziste brauch an och do e gewësse Potential u Personal wier deen zum Deel eng qualitativ Erfarung matbrénge géing.

Weiderhin si laut mengen Informatioune verschidde Polizisten déi eng sougenannt „out-in Prozedur“ gemaach hunn nach ëmmer net am Grupp de Traitement B1 reklasséiert ginn. Dës Poliziste waarden op hiren Arrêté an dat obwuel se explizitt de B1 Staatsexame geschriwwen a gepackt hunn. Sou bléiwen déi Léit ouni valabele Grond am Grupp de Traitement C1 blockéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gëtt beim Rekrutement am „cadre policier“ an Zukunft och de „recrutement interne“ aus dem ëffentlechen Déngscht ëmgesat? Wa jo, wéini? Wann net, wisou net?
  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt verschidde Polizisten déi eng sougenannt „out-in Prozedur“ gemaach hunn nach ëmmer am Grupp de Traitement C1 blockéiert sinn? Wa jo, firwat?
  3. Wa jo, wéi vill Polizisten hunn eng sougenannt „out-in Prozedur“ gemaach mee sinn nach net ëmklasséiert ginn obwuel se all d’Konditiounen erfëllen?
  4. Kann d’Regierung confirméieren, datt am Kader vun der „out-in Prozedur“ verschidde Beamte säit iwwer engem Joer op hiert Reklassement am Grupp de Traitement B1 waarden? Wa jo, firwat?
  5. Wéini sollen déi concernéiert Poliziste reklasséiert ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Zréck