Kann d’Regierung confirméieren datt et am Flüchtlingscamp zu Cox Bazar gebrannt huet, respektiv datt et nach ëmmer brennt? Ass d’Feier mëttlerweil ënner Kontroll?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister weiderzeleeden.

Laut aktuellen Informatiounen géifen e puer Abschnitter vum gréissten Flüchtlingscamp zu Cox Bazar (Bangladesh) a Flame stoen. D’Flüchtlingscamp beherbergt em déi 850.000 Rohingya. D’Feier wier am Block 1 vum Campus ausgebrach an häett sech ewell schonns iwwert e puer weider Abschnitter vum Camp verbreet.

Des weideren war gëschter am Luxemburger Wort ze liesen, datt dëst Flüchtlingscamp opgrond vu senger Lokalisatioun engem héijen Erdrutschrisiko ausgesat wier, an datt d’Leit an der Struktur op enkstem Raum ënner schwierege Bedingungen zesumme liewen. Et géif zu deem grouss Probleemer vun Drogen- an anerem Schmuggel ginn.

  • Kann d’Regierung confirméieren datt et am Flüchtlingscamp zu Cox Bazar gebrannt huet, respektiv datt et nach ëmmer brennt?
  • Aus d’Feier mëttlerweil ënner Kontroll?
  • Huet d’Regierung Informatiounen zum Gesondheetszoustand vun den Awunner, ewéi och vun den ONG-Collaborateuren déi am Kader vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten op der Platz sinn?
  • Kann d’Regierung de Probleem vun de schwierege Liewensbedingungen an dem Schmuggel bestätegen?
  • Wat bedeit de Militärputsch am Myanmar vir d’Rohingya déi an dem Flüchtlingscamp liewen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles
Deputéierten

Zréck