Kann d’Regierung confirméieren, datt een am Moment an deenen zwou Klinicken (CHL an Zitha) trotz Ordonnance vum Dokter kee Rendezvous fir eng Endoskopie oder eng Koloskopie kritt?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no, vergëtt den CHL och op Ordonnance vum Dokter am Moment keng Rendezvousen méi fir Endoskopien an Koloskopien, well de Service vun der Gastro-Entérologie hiren eegenen Aussoen no total iwwerlaf ass. Aus der Zitha-Klinik kommen ganz änlech Informatiounen. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Kann d’Regierung confirméieren, datt een am Moment an deenen zwou Klinicken trotz Ordonnance vum Dokter kee Rendezvous fir eng Endoskopie oder eng Koloskopie kritt?
    • Wa jo, fir wat kritt kréien d’Patienten kee Rendezvous?
    • Wat wëllt d’Regierung dogéint maachen?
  • Wat waren déi duerchschnëttlech Delaien fir gastro-enterologesch an alle Klinicken an de leschte 2 Joer?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck