Kann d’Regierung confirméieren datt den engleschen Impfzertifikat, den sougenannten NHS Covid Pass, hei zu Lëtzebuerg nach net unerkannt gëtt ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

 

Mengen Informatiounen no géing den Impfzertifikat (QR-Code) aus England hei zu Lëtzebuerg nach net kënne gescannt ginn. Iwwert 30 EU-Länner géingen den sougenannten NHS Covid Pass mëttlerweil awer schonn unerkennen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung confirméieren datt den engleschen Impfzertifikat, den sougenannten NHS Covid Pass, hei zu Lëtzebuerg nach net unerkannt gëtt ?
  • Am Fall wou dëst esou ass, aus wéi engem Grond, wëssend datt iwwer 30 EU-Länner den engleschen Zertifikat unerkennen a soumat déi technesch Hürden mëttlerweil geléist hunn ?
  • Wat huet d’Regierung virgesinn, vir datt eis Studenten déi momentan an England studéieren, heem kommen kënnen ouni Komplikatiounen ?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck