D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 640
Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, den Här Minister fir Kommunikatioun a Medien, den Här Justizminister an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.
Et ass mir zougedroe ginn, dass Servicer vum Staat „casier-ähnlech“ Fichieren alimentéieren mat Faiten, déi zwar eng strofrechtlech Konnotatioun kéinten hunn, déi awer ni zu iergendwelleche Condamnatiounen gefouert hunn.
Duerfir wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:
- Kann d’Regierung d’Bedreiwen vu sou Datebanken confirméieren?
- Wa jo, wéi eng Servicer besëtze sou Fichieren?
- Wien huet Accès op dës Daten an zu wéi engen Zwecker?
- Kënnen dës Informatiounen och benotzt ginn am Kontext vun Neiastellungen beim Staat?
- Wa jo, a wéi enge Fäll ass dat méiglech?
- Wann net, kann d’Regierung confirméieren, dass dës Informatiounen an der Vergaangenheet net fir sou Zwecker „mëssbraucht“ goufen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Deputéierten
Zréck