Kann d’Regierung bestätegen, datt den Delai fir den Depot vun der TVA-Deklaratioun ëm een Dag verréckelt gouf?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

 

Bis viru kuerzem war de leschten Delai fir Deklaratioun vun der TVA ze deposéieren de 15.  vum Mount. Konkret huet dat bedeit, dat d‘Deklaratioun vum 1. Trimester huet missen bis spéitstens de 15. Juni dobannen sinn.

Eisen Informatiounen no wier dësen Delai elo ëm een Dag virgezu ginn, ouni dat dëse Changement am Virfeld explizitt kommunizéiert gouf. Konkret bedeit dat, dat vill Entreprisen hir Deklaratioun weiderhin, esou wéi si dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, op de 15. Juni deposéiert hunn. Well den Depot laut der neier Reegelung awer een Dag ze spéit gemaach gouf, muss eng Parti Betriber, eisen Informatiounen no, elo eng Amende bezuelen.

 

Dofir wéilt ech e an deem Kontext folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch stellen.

  • Kënnt Dir bestätegen, dat den Delai fir den Depot vun der TVA-Deklaratioun ëm een Dag verréckelt gouf?
    • Wa jo, wéini a wat sinn d’Grënn fir dëse Changement?
    • Wa jo, sinn d’Betriber am Virfeld iwwert dëse Changement informéiert ginn?
  • Wéi vill Betriber kruten eng Amende?
  • Envisagéiert d’Regierung de betraffene Betriber, d’Amende ze erloossen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin  déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Gilles Roth

Deputéierten

Zréck