Kann d’Madamm Ministesch mir Informatioune ginn, ab wéini de Service vum Fonctionnaire sanctionnateur en Place ass ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Gesetz zu de Sanctions administratives an der Erweiderung vun de Kompetenze vun den Agents municipaux un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

No der Publikatioun am Mémorial A den 28. Juli 2022 soll d’Gesetz sechs Méint duerno, also den 1. Februar 2023 a Kraaft trieden. Am Gesetz ass virgesinn, dass nach verschidde Groussherzoglech Reglementer musse geholl ginn. Weiderhi baséieren sech d’Sanktiounen op d’Policereglementer vun de Gemengen. Doniewent sollen och all d’Agente spezifësch Formatioune maachen. Et kommen duerch dëst d’Gesetz och weider Aufgaben a Kompetenzen op d’Agenten duer.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Madamm Ministesch folgend Froe stellen:

  • Bis wéini gedenkt d’Madamm Ministesch déi Groussherzoglech Reglementer zum Gesetz ze publizéieren?
  • D’Sanktiounen kënne vun de Bierger direkt op de Gemenge bezuelt ginn. Sinn d’Gemenge schonn iwwer d’Detailer heizou informéiert ginn?
  • Mussen d’Gemengen, wann dat neit Gesetz en Vigueur trëtt, och hiert Policereglement adaptéieren? Gëtt de Gemengen do ee Règlement type zur Verfügung gestallt?
  • Kann d’Madamm Ministesch mir confirméieren, dass bis zum a Kraaft triede vum Gesetz all Agent muss sämtlech Formatioune maachen? Wéi ass den Oflaf vun dëse Formatiounen?
  • Am Fall wou si déi Formatiounen net gemaach hunn – däerfen si d’Gesetz trotzdem applizéieren? Gëtt et ee spezielle Formatiounskatalog fir d’Agents municipaux?
  • Wéi vill Agenten hei am Land mussen dës Formatioune maachen? Vu wéi vill insgesamt?
  • Mussen d’Agenten, fir hiren aktuelle Statut bäizebehalen, sämtlech Formatiounen duerchlafen? Ginn et hei schonn Delai’en?
  • Wéi gedenkt d’Madamm Ministesch d’Gemenge respektiv hiert d’Personal iwwert déi nei Aufgaben (z.Bsp. Recette) ze informéieren oder souguer ze forméieren?
  • Kann d’Madamm Ministesch mir Informatioune ginn, ab wéini de Service vum Fonctionnaire sanctionnateur en Place ass ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck