Kann d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten eis soen ob weiderhi speziell Schutzmesure géint de Kaméidi laanscht d’Liaisoun Micheville virgesi sinn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D’Ëmweltverwaltung huet rezent déi neisten “Kaméidiskaarten” publizéiert. Sou wéi et aus dësen ervirgeet an awer och däitlech ze héieren ass, besteet, beim Uschloss vun der Liaisoun Micheville un d’A4 a Richtung Esch Raemerich, vill Kaméidi.

 

Doriwwer eraus ass festzestellen, dass sech de Val gesenkt huet an d’Leit déi ronderëm wunnen mëttlerweil aus hire Gäert op d’Autobunn gesinn. Dat war virum Bau vun der Liaisoun Micheville net de Fall.

 

An dësem Kontext wéilte mir follgend Froen un d‘Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis soen ob weiderhi speziell Schutzmesure géint de Kaméidi laanscht d’Liaisoun Micheville virgesi sinn?
    • Wa jo, wéini ginn dës en place gesat ginn?
  • Wat gedenkt d’Regierung z‘ënnerhuele fir der Senkung vum Val entgéintzewierken?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

                                             Marc Spautz                                    Félix Eischen

CSV Fraktiounspresident                          Deputéierten

Zréck