Kann d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten eis soe wéi wäit d’Präparatiounsaarbechten op dem CR139 virugeschratt sinn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D’Stroosse-Verbindung zwëschent Hierber a Lellig ass aktuell an engem desolaten Zoustand. De Stroossebelag ass mëttlerweil esou weit ofgenotzt, dass d’Fueren op dem CR139 zu engem onnéidege Sécherheetsrisiko ginn ass. Scho viru Joren ass ugekënnegt ginn, dass dës Strooss a Stand gesat sollt ginn.

 

An dësem Kontext wéilte mir follgend Froen un d‘Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis soe wéi wäit d’Präparatiounsaarbechten un dëser Strooss virugeschratt sinn?
  • Wéini kennen déi richteg Aarbechten ufänken?
  • Wéi laang sollen dës Aarbechte viraussichtlech daueren?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Stéphanie Weydert                            Marc Lies

 

Deputéiert

 

Zréck