Kann d‘Madamm Minister Detailer gi wéi de “Règlement-type” fir d’Gemengen a punkto Tiny Houses soll ausgesinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Inneminister weider ze leeden.

Een Deel vun der Léisung vun der Wunnengsnout an den domadder verbonne Präisser kennen déi sougenannten Tiny Houses sinn, eng alternativ Wunnform fir déi sech ëmmer méi Leit interesséieren. Leider ass déi aktuell Gemengengesetzgebung net ganz un de Modell vun Tiny Houses ugepasst. Laut rezenten Informatiounen um Radio vun engem heige Regierungsbeamten aus dem Wunnengsbauministère wier den Inneminisitère am gaangen un engem “Règlement-type” ze schaffen deen de Gemenge géif erméiglechen dësen Typ vu Wunneng op hierem Territoire ze geneemegen. Dës Informatioun konnt een och schonns läscht Joer an engem Artikel an der lëtzebuerger Dagespress liesen: „Die Teilbebauungspläne (PAP) der Gemeinden (…) sind oft so ausgelegt, dass Tiny Houses aufgrund ihrer (geringen) Dimensionen nicht genehmigungsfähig sind“, antwortet das Ministerium. Allerdings scheint auch dort ein Umdenken einzusetzen. Das Ministerium prüfe derzeit die Möglichkeit, „Vorschläge (in Form eines ‚Règlement-type’) zu erarbeiten und den Gemeinden zu unterbreiten, (…) sodass diese Wohntypologie auch generell in Wohngebieten genehmigungsfähig wäre“, heißt es in der Antwort.“

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen:

  • Kann d‘Madamm Minister Detailer gi wei dësen “Règlement-type” fir Gemenge soll ausgesinn?
  • Wéini ass mat dësem “Règlement-type” ze rechnen?
  • Kann engem potenziellen Tiny House Keefer doduerch schnell weidergehollef ginn?
  • Huet dësen “Règlement-type” een Impakt op PAG’en an de Gemengen?
  • Wann jo, wéi géif dat rechtlech ëmgesat ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck