Kann d’Madamm Inneministesch soe wéi vill PAP-NQ an deene leschten 12 Méint déi prozedural Hürd geholl hunn a vum Inneministère approuvéiert konnte ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm  Inneministesch weider ze leeden.

Am Kader vum Pacte Logement 2.0 ass den Artikel 29 bis den 18. Februar vun dësem Joer a Kraaft getrueden. D’Ëmsetzung vun dësem Artikel huet um Terrain bei de Promoteuren, de Gemengen an awer och bei de Juriste fir vill Froen awer och esou munch Onverständnis gesuergt. D’Präisser um Wunnengsmaart spëtzen sech weider zou an et ass dovun auszegoen datt op Grond vun der Energiekris an der Erhéijung vun den Zënsen op de Finanzmäert de Käschtepunkt nach weider an d’Luucht geet an d’Offer beim Neibau op Grond vun der oniwwersiichtlecher Situatioun bei de Baumaterialien zréckgeet. Aus dësem Grond wier et absolut vun Notze wann um prozedurale Wee Neierschléissunge vu PAP-NQ schnellstméiglech déi administrativ Hürde géif huelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Inneministesch soe wéi vill PAP-NQ an deene leschten 12 Méint déi prozedural Hürd geholl hunn a vum Inneministère approuvéiert konnte ginn?
  • Wéi vill m2 SCB kennen am Kader vun dëse PAP-NQ an Zukunft gebaut ginn?
  • Wéi vill Prozent sinn dovu fir de Wunnengsbau reservéiert?
  • Kann d’Mme Inneministesch mir soe wéi vill PAP-NQ an deene leschten 12 Méint an d’Prozedur gaange sinn a vum Inneministère aviséiert gi sinn?
  • Wéi vill m2 SCB kënnen am Kader vun dëse PAP-NQ an Zukunft gebaut ginn?
  • Wéi vill Prozent sinn dovu fir de Wunnengsbau reservéiert?
  • Kann d’Madamm Inneministesch mir soe wéi vill PAP-NQ zanter dem 19. Februar vun dësem Joer an d’Prozedur gaange sinn a wéi vill m2 SCB deementspriechend kenne gebaut ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck