Kann d’Madamm Familljeminister de Personalmangel bei de Sozialämter confirméieren ? Wéi eng Moossname gedenkt d’Madamm Minister ze huelen, fir dësem Personalmangel entgéintzewierken ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeminister weiderzeleeden.

An der Press huet d’Presidentin vun der „Entente des offices sociaux“ rezent op deels schwéierfälleg Prozeduren am Ëmgank mat Demanden higewisen, wouduerch et dauere kann, bis d’Leit finanziell ënner d’Äerm gegraff kréien. Dobäi kéim de Personalmangel, heescht et weider. An deene respektive Bäiträg ginn awer och Suggestioune gemaach, wéi d’Situatioun kuerzfristeg kéint verbessert ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Familljeminister riichten:

  • Kann d’Madamm Minister déi ugeschwate schwéierfälleg an zäitopwänneg Prozedure confirméieren ?
    • Wa jo, wat gedenkt d’Madamm Minister z’ënnerhuelen, fir dee ganzen administrativen Apparat z’acceleréieren, dëst am Interessi vun deene Leit, déi dréngend op déi gefroten Hëllef ugewise sinn ?
  • Kann d’Madamm Minister deen ugeschwate Personalmangel confirméieren ?
    • Wa jo, wéi wierkt deen sech aktuell op den alldeegleche Betrib vun de Sozialämter aus ?
  • Wéi eng Moossname gedenkt d’Madamm Minister ze huelen, fir dësem Personalmangel entgéintzewierken ?
  • Wéi gesäit d’Madamm Minister d’Iddi vun engem „Guichet social unique“?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck