Kann d’Madamm Familljeminister confirméieren, dass et keen Informatiounsaustausch tëschent „Fonds national de Solidarité“ a Gemenge respektiv Sozialämter gëtt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeminister weiderzeleeden.

Nieft de staatlechen Aiden a Primme fir Privatleit am Kader vun der Präisdeierecht (Allocation de vie chère / prime énergie) bidden och d’Gemengen zousätzlech Hëllefen un. Dat an Zesummenaarbecht mat hire jeeweilege Sozialämter.

Mengen Informatiounen no gëtt et keen  Informatiounsaustausch tëschent dem „Fonds national de solidarité“ (FNS) an de Gemenge respektiv den Offices sociaux. Sou géifen d’Gemenge beispillsweis net déi néideg Informatiounen automatesch vum FNS iwwermëttelt kréien, déi et hinnen erlaben, de Leit déi Allocatiounen auszebezuelen, déi hinne vun der Gemeng zoustinn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Familljeminister stellen:

  • Kann d’Madamm Minister confirméieren, dass et keen Informatiounsaustausch tëschent „Fonds national de Solidarité“ a Gemenge respektiv Sozialämter gëtt?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Gedenkt d’Madamm Minister, dat z‘änneren a méi eng enk Kooperatioun tëschent FNS a Gemengen en Place ze setzen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck