Kann d’Madame Ministesch mir confirméieren, dass et der Gemeng verbueden ass engem Propriétaire Informatiounen ze ginn iwwert d’Persounen déi a senger Wunneng ugemellt sinn?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un d’Madame Inneministesch weiderzeleeden.

 

Laut mengen Informatiounen ass et engem Propriétaire vun engem Immeuble net erlaabt fir gewuer ze ginn, wien op der Adresse vu sengem Immeuble ugemellt ass. Et ass ëmmer esou, dass eng Gemeng d’Déclaration de domicile entgéint hëlt an d’Persoun am Registre National des Personnes Physiques andréit. De Propriétaire huet aus dateschutzrechtleche Grënn keen Accès op dës Informatiounen. Och wann dëst aus deene genannte Grënn novollzéibar ka sinn, ass et an der Praxis awer esou, dass et zu Schwieregkeete komme ka fir de Propriétaire, deen zum Beispill eng maximal Zuel vu Bewunner am Loyerskontrakt stoen huet, Courrier a Rechnunge vun onbekannte Léit kritt oder Léit misst kënnegen, déi hie guer net am Kontrakt stoen hat.

 

An dësem Kontext, wéilt ech gär folgend Froen un d’Madame Inneministesch stellen:

 

  • Kann d’Madame Ministesch mir confirméieren, dass et der Gemeng verbueden ass engem Propriétaire Informatiounen ze ginn iwwert d’Persounen déi a senger Wunneng ugemellt sinn?
  • A wann jo, ass si och der Meenung, dass dëst en mat praktesche Problemer verbonnenen Zoustand ass?
  • Gedenkt d’Ministesch dëse Problem ze reegelen a wann néideg Gesetzestexter deementspriechend unzepassen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck