Kann den Här Finanzminister soen, ob e gewëllt ass, déi sougenannten « finalités favorisées » auszeweiden, ob eng Reutilisatioun vum Spuermontant an engem neie Bauspuervertrag ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

 

Am Kader vun der leschter Steierreform (2017) goufen et Ännerungen um Regimm vun der Ofsetzbarkeet vu Cotisatiounen a Bauspuerverträg.

Den Här Minister schreift dozou:

« pour éviter des abus que l’on a pu observer dans le passé, la loi du 23 décembre 2016 portant mise en œuvre de la réforme fiscale 2017 a introduit un nouvel alinéa 3a [à l’article 111 L.I.R.] qui exclut de la déductibilité en tant que dépenses spéciales les cotisations d’épargne-logement en vertu d’autres (nouveaux) contrats d’épargne-logement si l’affectation du capital accumulé en vertu du contrat précédent a été faite à des fins fiscalement non favorisées. Ainsi, au cas où le capital d’épargne-logement accumulé n’est pas utilisé pour des fins explicitement visées par la loi, de futures déductions fiscales ne seront plus possibles. »

Als « finalités favorisées » gëllen :

« 1) construction ou acquisition d’un appartement ou d’une maison,

2) transformation d’un appartement ou d’une maison,

3) acquisition d’un terrain en vue de la construction d’un appartement ou d’une maison,

4) remboursement d’obligations contractées à l’une des fins visées sous 1) à 3) ci-dessus. »

 

Vill Leit hunn an der Vergaangenheet esou Verträg als Spuerbicher fir hir Kanner ugeluecht. Wann d’Elteren dat kuerz no der Gebuert gemaach hunn, ass déi « finalité favorisée » net méiglech.

Een Abréngen vum ugespuerte Montant an en neien Bauspuervertrag gëtt vun der Steierverwaltung net als « finalité favorisée » ugesinn.

Dobäi kënnt, dass eng Rei Verträg virun der Steierreform  vun 2017 ofgeschloss goufen an elo duerch déi nei Reegelung – am Fall wou d’Suen net à des fins favorisées agesat ginn, z.B. an een neie Bauspuervertrag – penaliséiert ginn.

Well den Här Minister Upassungen un der steierlecher Behandlung vun de Bauspuerverträg ugedeit huet, wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen :

  • Kann den Här Minister mir soen, ob e gewëllt ass, déi sougenannten « finalités favorisées » auszeweiden, ob eng Reutilisatioun vum Spuermontant an engem neie Bauspuervertrag ?

 

  • Ass den Här Minister net och der Meenung, dass déi ugespuerten Suen, och misste kënnen a Renovatiounsaarbechten respektiv Miwwelen fir Wunnengen (Appartementer oder Haiser), déi als Haaptwunnsëtz genotzt ginn, investéiert ginn an ofsetzbar bleiwen ?

 

  • De Fall gesat et kéim zu kengen Upassungen, kann den Här Minister eis erklären wie bestrooft gëtt am Fall wou Elteren Suen fir hir Kanner (titulaire de compte) an ee Bauspuervertrag investéiert hunn an d’Suen net à des fins favorisées agesat goufen ? Fir de Fall, dass an deem Fall d’Kanner déi geschiedegt wieren, ass den Här Minister der Meenung, dass sou eng Virgoensaart a -weis gerecht ass ?

Mat déifstem Respekt,

Gilles Roth
Deputéierten

Zréck