Kann den Här Minister fir Mëttelstand déi aktuell Verspéidung vun der finanzieller Bäihëllef vum Staat fir d’Mataarbechter am Secteur vum Event Management confirméieren ? Wa jo, wat sinn d´Grënn dofir ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mëttelstand weider ze leeden.

Op Grond vun engem Artikel am Luxemburger Wort titeléiert „Katerstimmung“ gëtt et däitlech ewéi eis lokal Event-Branche ënnert den Konsequenzen vun der Pandemie an den néidegen praktescher Barrièren wéi z.B.  Soziaaldistanzéierung leidet. An dësem Kontext ass d’Luxembourg Event Agency (LEA) wärend der sanitärer Krise opgestallt gi fir 60 Lëtzebuerger Entreprisen am Event Beräich ze vertrieden.

An dësem Kontext géifen mir gären folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister déi aktuell Verspéidung vun der finanzieller Bäihëllef vum Staat fir d’Mataarbechter am Secteur vum Events Management confirméieren ? Wa jo, wat sinn d´Grënn dofir ?
  • Kann den Här Minister erklären wat ënnert d’Bedéngung vum Ministère vun enger „Prüfung der Anträge“ fält wéi am Luxemburger Wort kommunizéiert vun enger Spriecherin fir den Wirtschaftsministère ?
  • Wéi huet den Här Minister vir der Event-Branche an deenen nächsten Méint hiren Support ze ginn an e méi transparenten Dialog ze féieren  ?

Här President, ech bieden Iech eis déifst Respekt unzehuelen.

Martine Hansen                                                          Laurent Mosar

Deputéiert                                                                 Deputéierten

Zréck