Kann den Här Minister driwwer informéieren, wéini de „Contournement d’Alzingen“ um Ordre du jour vum Regierungsrot steet?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Nodeem datt den 1. Juli 2021 eng Presentatioun iwwert den Tracé vum Contournement Hesper-Alzeng gemaach ginn ass, an nodeem datt d’Consultation publique de 24. Februar 2022 stattfonnt huet, ass de Bierger zougesot ginn, datt de Regierungsrot nach virun der Summervakanz 2022 eng Decisioun iwwert den definitiven Tracé vun der Strooss géif huelen.

Mir sinn lo kuerz virun der „Rentrée parlementaire“ an et ginn nach ëmmer keng Unzeechen iwwert eng definitiv Variant vu Säite vum Regierungsrot.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, wéini de „Contournement d’Alzingen“ um Ordre du jour vum Regierungsrot steet?
  • Kann den Här Minister Bausch mir soen, wéini déi definitiv Decisioun geholl wäert ginn?
  • Sollt nach keng Decisioun iwwert den Tracé an Aussicht sinn, kann den Här Minister Bausch mir d’Grënn dofir nennen?
  • De Minister hat de Bierger am Kader vun der „Consultation publique“ och zougesot, datt d’Finanzéierungsgesetz iwwert de „Contournement d’Alzingen“ nach an dëser Legislaturperiod virun der Summervakanz 2023 wäert gestëmmt ginn. Steet den Här Minister nach ëmmer zu dëser Ausso géintiwwer de Bierger?
    • Wann dat net de Fall sollt sinn, wat sinn d’Grënn heifir?
  • Steet eng Positioun am Staatsbudget iwwert de Finanzement vum „Contournement d’Alzingen“ fir d’Joer 2023?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck