Kann den Här Minister confirméieren, dass Restopolis keng präzis Virgabe kritt, wat den Akaf vu Liewensmëttel aus lokalem an/oder biologeschem Ubau ugeet?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

45.000 Menüen zerwéiert Restopolis all Dag a sengen 80 Schoul-Restauranten a -Cafeteriaen. Zil vun der „Food4Future“-Strategie vu Restopolis ass et, méi lokal an ënner de Krittäre vun der Biolandwirtschaft produzéiert Liewensmëttel op den Dësch ze bréngen. Wéi et schéngt, sinn awer déi entspriechend Virgabe vum Staat, un déi Restopolis sech bei der Gestioun vu senge Schoul-Restauranten a -Cafeteriaen hale muss, relativ vague gehal. Et heescht, et géif keng konkret Ziler ginn a Form vun Zuelen oder Prozentsätz beim Akaf vu Liewensmëttel aus regionalem an/oder biologeschem Ubau.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass Restopolis keng präzis Virgabe kritt, wat den Akaf vu Liewensmëttel aus lokalem an/oder biologeschem Ubau ugeet?
  • Wa jo, wéi positionéiert sech den Här Minister par Rapport zu dësem Spillraum, dee Restopolis bei der Gestioun vu sengen Etablissementer huet?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass dëse Spillraum am Sënn vum Zil vun der Regierung ass, déi regional an och déi biologesch Landwirtschaft beschtméiglech z’ënnerstëtzen?
  • Kann den Här Minister eis eng Opstellung virleeë mat alle Produkter aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft, déi aktuell vu Restopolis akaaft ginn?
  • Kann den Här Minister eis eng Opstellung virleeë mat de Produkter aus der biologescher Landwirtschaft, déi aktuell vu Restopolis akaaft ginn, opgeschlësselt no Lëtzebuerger respektiv Net-Lëtzebuerger Produktioun?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck