Kann den Här Minister confirméieren, dass et am Centre de Logopédie respektiv an den Annexen dovu gängeg Praxis ass, fir Feel- an/oder Décharge-Stonen vun Educateuren halen ze loossen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no mussen aktuell am „Centre de Logopédie“, respektiv an den Annexen dovun, vill krankheetsbedéngt Feelstonne vu Léierpersonal vun Educateuren iwwerholl ginn. Dat selwecht gëllt och fir en Deel vun den Décharge-Stonne vun Enseignanten.

Wärend där Zäit, wou d’Educateuren d’Aarbecht vun Enseignante mussen iwwerhuelen, bleift hir eigentlech Aarbecht gréisstendeels leien. Dobäi kënnt, dass si nach weider Stonne vun hirer Aarbechtszäit fir d’Preparatioun vum respektive Cours investéiere mussen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass et am Centre de Logopédie respektiv an den Annexen dovu gängeg Praxis ass, fir Feel- an/oder Décharge-Stonen vun Educateuren halen ze loossen?
    • Wa jo, op wéi enger Basis geschitt dat?
    • Ass dat och an anere Bildungsariichtungen de Fall?
      • Wa jo, a wéi engen?
    • Wéi eng Léisung wëllt den Här Minister en Place setzen, fir sécherzestellen, dass Enseignanten net duerch Educateure mussen ersat ginn an dass d’Educateuren – vun deenen et der jo bekanntlech net genuch gëtt – hirer eigentlecher Aarbecht kënnen nogoen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                        Marc Spautz

Co-Fraktiounspresidentin                               Deputéierten

Zréck