Kann den Här Minister confirméieren, dass d’Fach „Éducation à la citoyenneté“ (EDCIT) vun der Rentrée u vun zwou Stonnen op eng Stonn d’Woch reduzéiert gëtt, zu Gonschte vun der Aféierung vum Fach „Lëtzebuergesch“ op de Quatrième-G-Klassen ? 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden. 

Eisen Informatiounen no soll d’Fach „Éducation à la citoyenneté“ (EDCIT) vun der nächster Rentrée u vun zwou Stonnen op eng Stonn d’Woch reduzéiert gëtt, an dat duerch d‘Aféierung vum Fach „Lëtzebuergesch“ op de Quatrième-G-Klassen. 

Virum Hannergrond vum Défi, d‘Schüler zu responsabelen a kritesche Bierger ze erzéien, wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass d’Fach „Éducation à la citoyenneté“ (EDCIT) vun der Rentrée u vun zwou Stonnen op eng Stonn d’Woch reduzéiert gëtt, zu Gonschte vun der Aféierung vum Fach „Lëtzebuergesch“ op de Quatrième-G-Klassen ? 
  • Wa jo, op Basis vu wéi engen Iwwerleeungen an Argumenter ass dës Decisioun geholl ginn ? 
  • Sinn nach Adaptatiounen op anere Klasse virgesinn? Wa jo, op wéi engen?
  • Ass dës Decisioun an Zesummenaarbecht mat der Programmkommissioun geholl ginn ? 
  • A wéi engem Mooss sinn d’Schoulprogrammer adaptéiert ginn ? 
  • Wéi steet den Här Minister zu senger eegener Ausso, dass den „Zentrum fir politesch Bildung“ déi schoulesch Acteuren an hirer Missioun soll ënnerstëtzen ?  
  • Ass d’Méiglechkeet vun engem interdisziplinären Unterrecht am Virfeld vun dëser Decisioun gepréift ginn? 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin 

Zréck