Kann den Här Minister confirméieren, dass de Rapport vun der ENAD net ëffentlech ass an dass déi entspriechend Conclusiounen och net an de Rapport vum Script agefloss sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Zënter der Schoulrentrée 2021/2022 erméiglecht de Pilotprojet „Passerelle GSO“ de Primaner vun der Sektioun GSO, sech an engem Joer zum Educateur – mat entspriechendem Diplom – ausbilden ze loossen. Ugebuede gëtt dës Formatioun am „Lycée technique pour professions éducatives et sociales“ (LTPES), wou d’Schüler an déi regulär Ofschloss-Klass integréiert ginn, an an der „Ecole nationale pour adultes“ (ENAD), wou d’Ausbildung beruffsbegleedend ofleeft.

Laut engem Zeitungsartikel läit elo den Evaluatiounsrapport vum éischte Joer vun dëser Formatioun vir. Erstallt gouf dee vum „Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques“ (Script). Donieft gëtt et jeeweils ee separate Rapport vun deenen zwou Schoulen, wouvun dee vun der ENAD net ëffentlech ass an och net an de Rapport vum Script agefloss ass.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass de Rapport vun der ENAD net ëffentlech ass an dass déi entspriechend Conclusiounen och net an de Rapport vum Script agefloss sinn?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Kann den Här Minister eis de sougenannten ENAD-Rapport zoukomme loossen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                              Diane Adehm

Co-Fraktionspresidentin                                            Deputéiert

Zréck