Kann den Educatiounsminister d’Entwécklung vun der Unzuel vu Kanner mat Réckstänn oder aner Problemer am Sproocheberäich vun 2013 bis elo dokumentéieren, opgeschlësselt no Joer?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Laut den Aussoe vu Vertrieder vum „Observatoire national de la qualité scolaire“ (ONQS) an der parlamentarescher Educatiouns-Kommissioun vum 29. Mäerz gi bei ronn engem Véierel vun de Kanner bei der Scolarisatioun Réckstänn an/oder aner Problemer am Sproocheberäich festgestallt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister d’Entwécklung vun der Unzuel vu Kanner mat de beschriwwene Problemer vun 2013 bis elo dokumentéieren, opgeschlësselt no Joer?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck