Kann de Minister vun der Sozialer Sécherheet bestätegen, datt d’CNS och am Fall vun enger medezinescher Urgence de Remboursement vun enger Hospitalisatioun am Ausland verweigert, obwuel hei am Land kee Bett méi op enger Neonatologie-Statioun fräi ass?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Sozialer Sécherheet weiderzeleeden.

 

Et kënnt ëmmer nees vir, datt Fraen mussen d’Urgence an en Zentrum fir Neonatologie am Ausland iwwerwise ginn, well hei am Land kee Bett an enger Neonatologie-Statioun méi fräi ass. Dat ass net de fräie Choix vun der Patientin, mee ass enger medezinescher Urgence geschold. Eisen Informatiounen no refuséiert d’CNS an esou Fäll trotzdeem ëmmer nees de Remboursement vun de Fraisen, esou datt déi betraffe Fraen d’Käschte vum der Hospitalisatioun am Ausland selwer muss droen. An dem Kontext wëll ech folgend un den Minister fir Soziales stellen.

 

  • Kann de Minister bestätegen, datt d’CNS och am Fall vun enger medezinescher Urgence de Remboursement vun enger Hospitalisatioun am Ausland verweigert, obwuel hei am Land kee Bett méi op enger Neonatologie-Statioun fräi ass?
    • Wa jo, mat wat fir enger Begrënnung kann de Remboursement an esou Fäll verweigert ginn?
    • Wa jo, fir wat dréit d‘CNS am Fall vun enger medezinescher Urgence net d’office d’Käschte vun enger Hospitalisatioun op enger Neonatologie-Statioun am Ausland, wann zu Lëtzebuerg keng Plaz disponibel ass?
  • A wéi vill Fäll huet d’CNS am leschte Joer am Fall vun enger Urgence de Remboursement vun enger Hospitalisatioun op enger Neonatologie-Statioun am Ausland refuséiert?
  • Féiert de Refus vun der CNS net derzou, datt Klinicken, déi selwer keng spezialiséiert Neonatologie-Statioun hunn, am Fall vun enger Risikoschwangerschaft d‘Fraen direkt an automatesch an eng vun de Klinicke mat enger Neonatologie-Statioun iwwerweisen, fir ze verhënneren, datt si am Fall vun enger Noutsituatioun d’Käschte musse selwer iwwerhuelen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck