Kann de Minister confirméieren, dat den Direkt-Zuch vun Ettelbréck an d’Stad vun 7.16 Auer net méi fiert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

 

Laut den Aussoen vun enger Rei vun Passagéier koum et op der Zuchlinn 10 vun Ettelbréck an d’Stad zu Upassungen, esou dat eenzele Zich net méi fueren, an dat obwuel ugekënnegt ginn war, dat den Takt géif eropgesat ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen.

  • Kënnt Dir confirméieren, dat den Direkt-Zuch vun Ettelbréck an d’Stad vun 7.16 Auer net méi fiert?
    • Wa jo, wat sinn d’Ursaachen fir dës Ännerung um Fuerplang?
  • Ginn et Alternativen?
  • Ass geplangt, dat den Direkt-Zuch vun 7.16 Auer zu engem spéideren Zäitpunkt nees an der Fuerplang opgeholl gëtt, a wa jo, wéini?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck