Kann de Minister confirméieren, dass et dëst Joer zu Verzögerunge bei den Ausbezuelunge fir garantéiert Aspeisetariffer vu PV-Anlage koum ass?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Ausbezuelunge fir garantéiert Aspeisetariffer vu PV-Anlagen un den Här Energieminister weider ze leeden.

Onsen Informatioune koum et an der rezenter Vergaangenheet zu Problemer beim Ausbezuele vun de garantéierten Aspeisetariffer vu PV-Anlagen (déi een ënnert dem A3.1 Formular ufroe kann). Nodeems dës Demande an den Accusé de réception am Februar erausgeschéckt goufen, waarden di betraffe Leit bis haut nach op hirenDecompte an domadder och op d’Ausbezuelen. Di concernéiert Léit kruute per Telefon matgedeelt, dass hiren Dossier an der Rei wier, et géif een awer nach säitens vum Ministère op d’Freigab vun de Sue waarden.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Kann de Minister confirméieren, dass et dëst Joer zu Verzögerunge bei den Ausbezuelunge fir garantéiert Aspeisetariffer vu PV-Anlage koum ass?
  • Wann jo, wat sinn d’Grënn heifir an wéi well een an Zukunft sou Verzögerunge verhënneren?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck