Iwwerhëlt d’Krankekeess d’Käschte vun enger Vasektomie?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Am Koalitiounsprogramm vun 2018 war festgehale ginn, datt d’Verhütungsmëttel generell fir jiddereen onofhängeg vum Alter an der Method zougänglech gemaach géinge ginn an datt d’Käschte vun der Krankekeess géingen iwwerholl ginn, wann eng Ordonnance vum Dokter virläit. D‘Vasektomie ass en zouverlässegt Verfare fir eng Schwangerschaft ze verhënneren. Dëst Verfaren huet de Virdeel, dat d’Fra keng Hormonpräparater muss huelen. An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Iwwerhëlt d’Krankekeess och d’Käschte vun enger Vasektomie?
    • Wann nee, firwat net?
  • Wéi vill Vasektomie sinn an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck