Investisseure vu Firma Juicy Fields (medezin. Cannabis) bedrunn : Och Lëtzebuerger betraff ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un der Här Policeminister
weiderzeleeden.
Medieberichter no besteet de Verdacht, dat déi ursprénglech däitsch Firma Juicy Fields,
déi medezinesche Cannabis produzéiert, hir Investisseuren bedrunn huet. Och
Investisseuren aus Lëtzebuerg sollen betraff sinn. An deem Kontext géing ech gären
folgend Fro un d’Madamm Justizministesch an un der Här Policeminister stellen:
• Kann d’Regierung bestätegen, dat et bei der Entreprise Juicy Fields zu
Onreegelméissegkeeten komm ass?
• Sinn och Investisseuren aus Lëtzebuerg betraff?
o Wa jo, wéi vill?
o Wéi vill Plainten sinn bis ewell zu Lëtzebuerg an deem Zesummenhang
gemaach ginn?
• War d’Regierung au courant, dat déi däitsch Bundesanstalt für
Finanzdienstleistungsaufsicht BaFin ewell den 3. Juni 2022 Investitiounen bei
der Juicy Holdings V., Amsterdam, Niederlande, verbueden huet, well d’Firma
géint dat däitscht Vermögensanlagengesetz verstouss huet?
o Wa jo, wat huet d’Regierung doropshin ënnerholl?
Här President, mir bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar

Zréck