Impfstoff géint Bronchiolitis : Gëtt et een Enkpass bei de Kannerdokteren a firwat gëtt sech net un d’Rekommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses gehalen ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.
An Ärer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°8369 vum 5. Oktober 2023 hu Dir bestätegt, datt eng 4.500 Dosen Nirsevimab den 21. September geliwwert gi sinn an, datt d’Kannerdokteren iwwert d’Impfstoffbestellungsprozedur kéinten Dose bestellen. Mengen Informatiounen no kennt et momentan awer zu engem Enkpass bei de Pediateren.
D’Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses gesi vir, datt Kanner, déi no dem 1. Januar 2023 gebuer gi sinn, sollen ab Oktober 2023 bei engem Pediater geimpft kënne ginn an, datt Kanner, déi tëscht dem 1. Oktober 2023 an dem 30. Mäerz 2024 gebuer ginn, an der Maternité solle kënne geimpft ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
Ass et richteg, datt momentan net genuch Dose fir all Pediater disponibel sinn?
Firwat gëtt sech an deem Kontext net un d’Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses gehalen ?
Am Fall vun enger Infektioun vun engem Puppelche, deen net konnt geimpft ginn, wat vir Precautiounen huet de Gesondheetsministère geholl, fir aner Kanner an de Crèchen ze schützen ?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck