Hunn sech di verschidden Haiser aus dem Alters- a Fleegeheem Secteur sanitär Konzepter ginn?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’ Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun an un d`Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D’Omikron Well huet och Lëtzebuerg mëttlerweil voll am Greff an di eenzel Sekteuren hun sech entspriechend mesures sanitaires ginn. De CHEM huet elo rezent an engem Communiqué annoncéiert d’Visiteuren/d’Visitten ze suspendéieren, dëst op Grond vum engem Omikron-Cluster am Etablissement.

Zu ënnerschiddleche Momenter wärend der Pandemie hunn sech och d’Alters- a Fleegehaiser sanitär Konzepter gi fir op eng Hausse vu positive Fäll resp. op Clusteren ze reagéieren.

An dem Kontext welle mir folgend Froen un d’Madamm Familljeministesch an d’Madamm Gesondheetsministesch stellen :

  • Hunn sech di verschidden Haiser aus dem Alters- a Fleegeheem Secteur an Ofspriechung mat der Inspection sanitaire eenzel sanitär Konzepter ginn ?
  • Wa jo, wéini goufen des Konzepter en place gesat ?
  • Wéi gesäit di aktuell Situatioun an den eenzelen Haiser aus?
  • Wéi ass de genauen Timing fir zukünfteg Konzepter en place ze setzen, an dat am Interêt vun de Bewunner an dem Personal ?

 

Mat déiwem Respekt,

Marc Spautz

Michel Wolter

Zréck