Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.
Laut Medieberichter huet sech d’Omikron-Subvariant BA.5, déi laut der WHO am Januar fir d’éischt an Südafrika opgedaucht ass, an de leschte Wochen virun allem a Portugal rasant verbreed an zu héijen Inzidenzen gefouert. An dësem Kontext géingen mir gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
- Kënnt Dir des Informatiounen confirméieren?
- Huet sech d‘Subvariant BA.5 weider zu Lëtzebuerg verbreed, nodeem se ugangs Mee eng éischte Kéier ze Lëtzebuerg dektéiert gouf ?
- Wa jo, wéi héich ass de Prozentsaz par Rapport zu der Gesamtzuel vun Infektiounen?
- Wat fir Mesuren ginn an dem Zesummenhang ergraff, fir enger neier Well am Hierscht entgéint ze wierken?
- Gin et nei Erkenntnisser zur Iwwerdrobarkeet an zur Virulenz vun der Sub-Variant BA.5?
- Sinn déi aktuell Impfstoffer wierksam géint Sub-Variant BA.5?
Här President, mir bieden Iech eise déifste Respekt unzehuelen.
Claude Wiseler Max Hengel
Deputéierten Deputéierten
Zréck