Huet d’Regierung wëlles de Gemenge ronderëm de Stau finanziell ze hëllefe fir Sécherheet a Propretéit ze garantéieren, wëssend dat de Stau als Drénkwaasserreservoir an Noerhuelungsgebitt mat senge Plage vu nationaler Bedeitung ass ? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Plagen um Séi vun der Uewersauer un den Här Minister fir Tourismus an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Bedéngt duerch déi aussergewéinlech héich Temperature vu leschtem Weekend hunn ganz vill Leit Ofkillung an de Schwämme respektiv eise Badegewässer gesicht. Virun allem um Stauséi war de Samschden den Undrang esou grouss, dass Plagen all iwwerfëllt an Parkingen an Opfangparkingen iwwerlaascht waren. Dowéinst sinn Zoufaartsstrosse gespäert ginn an Police huet missen op Platz komme fir sech ëm de Verkéier an d’Falschparker ze këmmeren. Verschiddener hate esou guer Rettungsweer an och een Asazzenter vun de Pompjeeën zougeparkt.

Laut Aussoe vum Buergermeeschter vun Esch-Sauer wier Police Samschdes komplett ënnerbesat gewiescht fir dëse Masse vu Leit an Autoe Meeschter ze ginn. No Récksprooch mam Här Minister fir bannenzeg Sécherheet wier Situatioun um Sonnden eng besser gewiescht.

Nieft de staarke Park-, Verkéiers- an domadder verbonnene Sécherheetsproblemer ass awer vill Offall a Knascht vun de Leit iwwert de Weekend leie gelooss ginn. Dësen Dreck muss vun de Stauseegemengen entsuergt ginn obwuel Plagë ronderëm de Stauséi praktesch zu 100 % dem Staat gehéieren. Well Gemengen awer fir Sécherheet a Propretéit op deene Plagë responsabel sinn hunn si am Summer zousätzlech Käschten ze stemmen déi déi verschidde Gemengebudgeten zousätzlech belaaschten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Tourismus an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen.

  • Kann den Här Police-Minister d’Informatioune confirméieren, dass virun allem de Samschden net genuch Police op der Platz war?

 

  • Ass fir Zukunft garantéiert datt bei waarme Wieder genuch Police sur Place ass fir Sécherheet ronderëm de Stau ze garantéieren?
  • Huet d’Regierung wëlles de Gemenge ronderëm de Stau finanziell ze hëllefe fir Sécherheet a Propretéit ze garantéieren, wëssend dat de Stau als Drénkwaasserreservoir an Noerhuelungsgebitt mat senge Plage vu nationaler Bedeitung ass ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck