Huet d’Regierung d’Méiglechkeet fir eng Steierbefreiung vun den Agrarëmweltprimmen analyséiert, fir esou een zousätzlechen Ureiz fir des Mesuren ze schafen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Eng nohalteg Landwirtschaft muss déi 2 Saile vun der Nohaltegkeet, der Ökologie, der Ekonomie an dem Sozialem gläich gewiichten. Fir den Ëmwelt- a Klimaschutz an deem Sënn méi attraktiv ze maachen, hat d‘CSV an der Aktualitéitsstonn vum 16. Mäerz zum Thema d’Liewensmëttelversuergung a Krisenzäiten de Minister op eng Steierbefreiung vun den Agrarëmweltprimmen ugeschwat.  Den Här Minister hat dorobber geäntwert, datt d‘Regierung dat undiskutéiert hätt, a wann et géif Sënn erginn, géifen si et och maachen. Allerdéngs misst dofir Gesetzgebung zu de Finanzen ugepasst ginn.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Huet d’Regierung d’Méiglechkeet fir eng Steierbefreiung vun den Agrarëmweltprimmen analyséiert, fir esou een zousätzlechen Ureiz fir des Mesuren ze schafen?
    • Wa jo, wäert d’Regierung eng Steierbefreiung vun den Agrarëmweltprimmen decidéieren?
    • Ab wéini wäert déi Mesure gräifen?
    • Wa nee, aus wat fir Grënn huet d’Regierung des Mesure verworf?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen, Deputéiert

Zréck