Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet a Konsumenteschutz an den Här Minister fir de Mëttelstand weider ze leeden.
Den Horesca-Secteur huet an Aussiicht gestallt kritt, datt si hier Aktivitéite rëm den 1. Juni kéinten ophuelen.
Eisen Informatiounen no huet d’Horesca dem Gesondheetsministère eng Propose fir e Guide mat méigleche Mesuren a Richtlinne fir d’Betriber fir d’Reouverture zoukomme gelooss.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren? Wa jo, huet d’Regierung dem Secteur scho e Feedback ginn? Wéi huet dëse Feedback ausgesinn?
- Huet d’Regierung de Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture?
- Wéi muss d’Separatioun tëscht de Clientë gemaach ginn?
- Gëtt et onofhängeg vun der Gréisst vum Restaurant eng maximal Unzuel vu Leit déi kann zougelooss ginn?
- Wéi eng Reegele gëllen op den Terrassen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Félix Eischen
Deputéiert Deputéierten
Zréck