Huet d’Fortuna Bank hir Aktivitéiten definitiv agestallt? Gouf ee Plan Social fir d’Salariéë vun der Fortuna Bank gemaach?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch ze stellen.

Am September an am November 2022 hate mir 2 parlamentaresch Froe mat den Nummere 6921 a 7118 zum Stopp vun den Aktivitéite vun der Fortuna Bank gestallt. Mir wollten deemols wëssen, wat mat de Clienten an de Salariéë vun der Bank géif geschéien. Ee Joer méi spéit wëlle mir op dësen Dossier zeréck kommen, well nach eng Rei Onkloerheete bestinn.

Dowéinst wollt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch stellen:

  • Huet d’Fortuna Bank hir Aktivitéiten definitiv agestallt?
  • Gouf ee Plan Social fir d’Salariéë vun der Fortuna Bank gemaach?
  • Wéi vill Salariéë goufen vun der BCEE iwwerholl?
  • Sinn d’Clienten vun der Fortuna vun der BCEE wéi annoncéiert iwwerholl ginn an/oder bei enger anerer Bank op der Finanzplaz ënnerkomm?

Här President ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel                           Laurent Mosar                       Marc Spautz

Deputéierten                         Deputéierten                         Deputéierten

Zréck