Huet d’Evaluatioun vum nationale Tubaksplang schonn stattfonnt? Gëtt des Evaluatioun an d’Conclusiounen déi gezunn gi sinn, presentéiert a publizéiert?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d`Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Mam « Plan national de lutte contre le tabagisme 2016-2020 », huet d’Regierung sech engagéiert den nationalen Tubaksplang ëmzesetzen, a wëll d’Ëmsetzung vum neien Anti-Tubakgesetz mat positive Moossnamen ënnerstëtzen.

 

An deem Kontext gesäit de Koalitiounsaccord 2018-2023 eng Evaluatioun vun de verschiddene sektorielle Pläng an nationalen Dépistage-programmer vir, och déi vum Anti-Tubaks Programm, fir d’Effizienz vun den ëmgesate Moossnamen ze beurteelen.

 

An deem Kontext wëll ech der Gesondheetsministesch folgend Froen stellen:

– Madamm Ministesch, huet d’Evaluatioun vum nationale Tubaksplang schonn stattfonnt?

– Wa jo, gëtt des Evaluatioun an d’Conclusiounen déi gezunn gi sinn, presentéiert a publizéiert?

– Wann net, wéini evaluéiert d’Regierung de Plang?

 

 

 

Mat déiwem Respekt

 

 

Nancy Arendt

Deputéiert

Zréck