Hausse vu ronn 30 Prozent bei de privaten an ëffentleche Lued-Statioune fir Elektrogefierer ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister, d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, grad esou wéi un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute wieder ze leeden.

An engem Lieserbréif an der geschriwwener Presse war gewuer ze ginn, datt esouwuel bei de private Luetstatiounen doheem bei de Leit, wéi och bei de Chargy-Bornë fir Elektrogefierer säit dem 1. Januar zu enger substantieller Präishausse vu ronn 30% komm ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës grouss Hausse?
  • Ass d’Regierung der Meenung datt dës substantiell Hausse de richtegen Ureiz ass fir méi Leit dozou ze beweegen op en Elektroauto ëmzeklammen?
  • Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir des Hausse bei der Verbraucher opzefänken?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                               Gilles Roth

Deputéiert                                         Deputéierten

 

 

 

Zréck