Goufen hei zu Lëtzebuerg scho Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner festgestallt?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeginn.

 

Zanter engem Joer trieden a Frankräich ëmmer méi Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner op. An dem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen.

 

  • Goufen hei zu Lëtzebuerg scho Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner festgestallt?
  • Wa jo, wéi vill Fäll si bis elo bekannt?
  • Ass schonn e Vaccin disponibel, a wa jo, wéi vill Dose sinn op Stock?
  • Gi spezifesch Mesuren en place gesat, fir e weidert Ausbreede vun der Krankheet ze verhënneren?
  • Des Weidere gouf kierzlech e Fall vu Blozongekrankheet vum Typ 12 an Holland, net wäit vun der däitscher Grenz, festgestallt. Ginn et och hei fir scho Vaccinen a falls jo, wéi vill Dosen sinn disponibel?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert               Jeff Boonen

Deputéiert                  Deputéierten

 

Zréck