Goufen d’Preparatiounen fir e Militärspidol zu Lëtzebuerg gestoppt?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 686

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verdeedegungsminister an un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Am Joer 2015 hunn déi deemools zoustänneg Ministere confirméiert datt iwwert e Militärspidol zu Lëtzebuerg géif nogeduecht ginn, an an de Joren dono ass un engem deementspriechende Projet geschafft ginn.

Eisen Informatiounen no sinn d’Preparatioune fir e Militärspidol zu Lëtzebuerg elo awer gestoppt ginn an de Projet gëtt hannerfrot.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wann jo, wat sinn d’Grënn heifir?
  • Stinn aner Alternativen am Raum?
  • Wéi vill war schonn um Projet geschafft ginn a wéi vill Budget gouf investéiert fir Etüden?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf                                Georges Mischo

Deputéierten                                               Deputéierten

Zréck