Goufen an de Joren 2021 an 2022 präzis Instruktiounen un d’Fiechteren an aner concernéiert Léit gemaach, datt d’Fotovoltaikpanneau’en musse platt opgeriicht ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

D’Madamm Ëmweltministesch hat op d’parlamentaresch Fro n°7514 vum 26. Januar 2023 iwwert d‘Fotovoltaik-Panneau’en an der Gréngzone geäntwert, dass inclinéiert Installatiounen aktuell net d’office verbuede wieren. Falls een seng Panneauen anescht wëll ausriichten, muss haut an och an Zukunft individuell gekuckt ginn, wéi de Projet sech landschaftlech integréiert sou d’Äntwert op déi Fro.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Goufen an de Joren 2021 an 2022 präzis Instruktiounen un d’Fiechteren an aner concernéiert Léit gemaach, dat d’Fotovoltaikpanneau’en musse platt opgeriicht ginn?
  • Bei wéi vill vun deenen 59 ausgestallten Autorisatiounen an de Joren 2021 an 2022 gouf et eng präzis Demande fir kennen d‘Fotovoltaikpanneau’en opzestänneren a wann jo, wéi vill Projet’en kruten dofir eng Autorisatioun?
  • Op Basis vu wéi enge Critèren decidéiert de Ministère, wéini opgestännert d‘Fotovoltaikpanneau’en sech an d‘Landschaft integréieren an wéini dat net de Fall ass?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck