Gouf et och scho Fäll vun der Afrikanescher Schwéngspescht hei zu Lëtzebuerg? Wéi kënnen d’Baueren sech beschtméiglech schützen, datt se déi Kränkt net an hire Bestand kréien?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Schwéngspescht un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weider ze leeden.

Am Juni gouff zu Rüsselsheim an Hessen déi Afrikanesch Schwéngspescht bei engem Wëldschwäin nogewisen. Doropshin gouf eng Sperrzone ageriicht. D‘Afrikanesch Schwéngspescht ass extrem geféierlech, momentan gëtt et nach keng Impfung an de Verlaf ass bal ëmmer déidlech. D’Expert’e ginn dovunner aus, dass virun allem de Mënsch de Virus weider verbreet, zum Beispill duerch den Offall laanscht d’Autobunnen. Dobäi kënnt awer och dat d‘Afrikanesch Schwéngspescht eng ustiechend Krankheet ass déi vu Schwäin zu Schwäin  ka iwwerdroe ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre follgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéi eng präventiv Moossname bestinn hei am Land, fir ze verhënneren dat d’Schwéngspescht sech verbreet, souwéi ze verhënneren dat se vu Wëldschwäin op Hausschwäin iwwergeet?
  • Gouf et och scho Fäll vun der Afrikanescher Schwéngspescht hei zu Lëtzebuerg?
  • Wéi kënnen d’Baueren sech beschtméiglech schützen, datt se déi Kränkt net an hire Bestand kréien?
  • Huet de Ministère Mesuren en Place gesat a wa jo wéi eng? Zum Beispill fir op de Autobunnsraststätt méi oft den Offall ewech ze maachen? Oder mat Dronen no kranke Wëldschwäin ze sichen, sou wéi se dat an Hessen elo maachen?

Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert                                                                           Octavie Modert

Deputéierten                                                                         Deputéierten

Zréck