Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gläichstellungsministerin an un den Här Inneminister weiderzeleeden.
D‘Thema vu Gewalt géint Fraen, awer och vu Belästegung an onsécheren Ëmstänn, ass och zu Lëtzebuerg aktuell a relevant. International hunn sech an de leschte Jore verschidden diskret Signaler a Codewierder etabléiert, fir Betraffener d’Méiglechkeet ze ginn, séier an ouni grouss Opmierksamkeet Hëllef unzefroen. An Däitschland gëtt et z.B. d’Aktioun „Ist Luisa da?“, déi et Betraffenen erméiglecht, an engem Bar- oder Clubëmfeld diskret Hëllef ze froen. An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Gläichstellungsministerin an un den Här Inneminister stellen:
- Gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell eppes Vergläichbares, wéi zum Beispill en etabléiert Handzeechen oder Codewuert, dat ëffentlech promovéiert gëtt a vu Police, Gesondheetsberuffer, Bar- oder Festivalpersonal erkannt gëtt?
- Wa jo, wéi ginn dës Signaler a Codewierder kommunizéiert a promovéiert, souwuel bei de potentiell Betraffenen wéi och bei deenen, déi reagéiere sollen (z.B. Barpersonal, Apdikten, Security)?
- Wa nee, ass geplangt, esou Systemer anzeféieren, an eventuell eng national Campagne ze starten, fir Leit z’informéieren an ze sensibiliséieren?
- Ass d’Regierung bereet, zesumme mat ONG’en an der Police e strukturéierte Protokoll auszeschaffen, fir séier a koordinéiert Hëllef unzebidden, wann esou Signaler benotzt ginn?
- Ass bekannt, wéi vill Fäll vu Belästegung oder Gewalt et an deene genannte Kontexter (z. B. Baren, Festivaller, ëffentlechen Transport) an de leschte Joren zu Lëtzebuerg gouf?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt, Deputéiert
Zréck