Ginn et Zuele fir d’Joren 2016 bis 2022, déi d‘Reesen op Lëtzebuerg  a geschäftlech a privat Reesen andeelen?

Här President,

 

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Tourismus weiderzeleeden.

 

Um Site vun der Welt-Tourismus-Organisatioun, der UNWTO, fënnt en eng selechen Statistiken iwwert den Tourismussecteur vun de verschiddene Länner, dorënner och eng, déi engem verréit, dass 2015, vun insgesamt 1 090 000 Reesen op Lëtzebuerg, der 246 000 ënnert d‘Geschäftsreese fale wärenddeem déi aner 844 000 Reese virun allem privat a perséinlech Grënn haten. Wëllt en dës Andeelung a geschäftlech  a privat Reese fir déi Joren no 2015 gewuer ginn, fënnt en dës leider net um Internet oder um Site vum Statec.

 

An dësem Kontext géing ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Tourismus stellen:

 

 

  • Ginn et déi selwecht Zuele fir d’Joren 2016 bis 2022, déi d‘Reesen op Lëtzebuerg  a geschäftlech a privat Reesen andeelen?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck