Ginn et verlässlech nei Informatiounen zu de militäreschen Ausernanersetzungen tëschent Aserbaidschan an Armenien?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

Zanter dem 13. September ginn et nees militäresch Gefechter tëschent Aserbaidschan an Armenien. De Berichter an den Medien no, hätt Aserbaidschan Stellungen ronderëm d’Stied Goris, Sotk an Dschermuk op armeneschem Gebitt ugegraff. Verschidden international Organisatiounen ginn esou guer dovunner aus, dat et zu Krichsverbriechen kéint komm sinn. Net méi spéit wéi den 18. Juli hat d’Europäesch Unioun, als Reaktioun op déi ugespaanten Situatioun bei der Energieversuergung als Folleg vum Krich an der Ukrain, mat Aserbaidschan eng Absichtserklärung fir zousätzlech Gasliwwerungen an de nächste 5 Joer ënnerschriwwen. An deem Kontext géing ech gären folgend Fro un den Här Ausseminister stellen:

  • Ginn et verlässlech nei Informatiounen zu de militäreschen Ausernanersetzungen tëschent Aserbaidschan an Armenien?
  • Huet Aserbaidschan Armenien ugegraff?
    • Wa jo, befanne mer eis dann net an enger änlecher Situatioun wéi beim Ugrëffskrich vun Russland op d’Ukrain?
    • Wann deem esou ass, soll d’EU dann um Gas-Ofkommes mat Aserbaidschan festhalen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck