Ginn et Statistiken zum Konsum, respektiv zur Vente vun Nikotin-Säckelcher hei zu Lëtzebuerg?

 

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An engem rezente Fernseereportage huet de Centre national de Prévention des Addications (CNAPA) virun de Geforen duerch de Konsum vun Nikotin-Säckelcher ouni Tubak gewarnt. Wéi et am Reportage heescht, bestéing eng héich Suchtgefor, well de sougenannte Snus Nikotin enthält an dofir eng Einstiegsdrog kéint sinn. Well de Säckelcher dacks séiss Goûte bäigemëscht sinn, stellen d’Säckelcher besonnesch fir jonk Leit eng Gefor duer. Zu Lëtzebuerg ass de Gebrauch vun Nikotin-Säckelcher am Géigesaz zu aneren europäesche Länner awer am Moment nach net reglementéiert. Ech wollt dofir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Ass sech d’Madamm Ministesch de Gefore fir d’Gesondheet bewosst, déi vun de Nikotin-Säckelcher ausgeet?
  • Deelt d’Madamm Ministesch d‘Meenung, datt d‘Nikotin-Säckelcher eng Einstiegsdrog kënnen duerstellen?
  • Ginn et Statistiken zum Konsum, respektiv zur Vente vun Nikotin-Säckelcher hei zu Lëtzebuerg?
    • Wa jo, wéi gesäit d’Entwécklung an de leschte Joren aus?
  • Ass zu Lëtzebuerg eng Reglementatioun vun den Nikotin-Säckelcher an absehbarer Zukunft geplangt?
    • Wa jo, wéi kéint des Reglementatioun ausgesinn?
    • Ass e Verkafsverbuet u jonk Leit geplangt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck