Ginn et Statistiken zu den Nohëllefsstonnen déi zu Lëtzebuerg an Usproch geholl ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister an d’Madamm Finanzminister weider ze leeden.

Et ass gewosst datt eis Kanner a Jugendlech besonnesch ënner der aktueller Pandemie leiden a gelidden hunn.

Fir d’Schüler a Studente si vill Unterrechtsstonnen ausgefall an och mat Homeschooling konnt vill Matière net behandelt ginn an eng ganz Réi Schüler hunn méi oder manner grouss schoulesch Retarden no de leschten 2 Joer virzeweisen.

Vill Elteren a Schüler probéieren dës Retarden duerch Nohëllef opzeschaffen, si mussen awer feststellen datt op den Nohëllefsstonne 17% TVA musse bezuelt ginn.

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froe stellen:

  • Ginn et Statistiken zu den Nohëllefsstonnen déi zu Lëtzebuerg an Usproch geholl ginn?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier, fir eng begrenzten Zäit (z.B. 2 Joer) bei Nohëllefsstonnen e reduzéierten TVA-Taux vun 3% anzeféieren?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?

 

Max Hengel

Zréck