Ginn et niewent Google nach aner Betriber oder Internetsuchmaschinnen, wou d’Adresse vun Dierfer falsch ugi ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz weider ze leeden.

Bei der Internetsuchmaschinn Google fënnt ee bei den Adresse vun Dokteren, Betriber, Geschäfter asw. net méi de Numm vun de jeeweilegen Dierfer, mee ëmmer just nach dee vun der Gemeng. Et ginn also deelweis Adressen uginn, déi guer net existéieren. Dës Onkloerheeten féieren fir vill Leit zu Konfusiounen, vill Bréiwer oder Päck ginn op falsch Plaze geschéckt a vill Leit fueren op déi falsch Dierfer.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d‘Madamm Minister fir Konsumenteschutz an un d’Madamm Inneminister stellen:

  • Ass d’Regierung sech dësem Problem bewosst? Wa jo – wat ass geplangt fir géingt dës Irreféierung vun de Bierger virzegoen?
  • Ginn et niewent Google nach aner Betriber oder Internetsuchmaschinnen, wou d’Adresse falsch ugi ginn?
  • Ass geplangt fir bei der uewe genannter Firma oder bei aneren, och offiziellen, Instanzen ze intervenéieren?

Här President, ech bieden Iech mäi Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck