Ginn et, mat der Reprise vum Unterrecht an de Schoulen, kloer Consignë fir all d’Entreprisen déi den ëffentlechen Transport assuréieren, virun allem wat botzen an desinfizéieren ugeet ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de gratis ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Och wann am Moment den ëffentlechen Transport op de Minimum reduzéiert ass, esou gouf ugekënnegt datt mat der Reprise vum Unterrecht an de Schoulen, och den ëffentlechen Transport erëm lues a lues eropgefuer gëtt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden:

  • Ginn et kloer Consignë fir all d’Entreprisen déi den ëffentlechen Transport assuréieren, wéi d’Gefierer solle gebotzt an desinfizéiert ginn, virun allem déi sëllege Grëffer etc.?
  • Wann net, ass den Här Minister och der Meenung datt an dësem Beräich kloer Richtlinne wichteg wieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck