Ginn d’Impfdosen all genotzt unhand vun optimale Sprëtzen? Wéi vill Impfstoff gouf bis elo ewech geheit?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

 

Et ass allgemeng bekannt datt et eng Penurie un Impfstoff gëtt an datt Lëtzebuerg eent vun den EU-Länner ass, dat am luesten mam Impfen virukënnt. Laut engem Bericht (zeroresidual.com) ginn et Sprëtzen mat deenen een 1- 2 Dosen pro Sprëtz kéint aspueren. Déi agespuerten Dosen kéinten am deem Fall méi verimpft ginn. Dës Sprëtzen géinge esou net nëmmen de Reschtvolume reduzéieren, ma et kéinten och bis zu 40% méi Impfungen gemaach ginn mat der selwechter Quantitéit un Impfstoff. Dës Sprëtzen, déi initialement vir Injektiounen an den Aen entwéckelt gi sinn, wieren patentéiert an och CE approuvéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt mir op all Dosis ziele mussen, huet d’Regierung vun dëse spezifesche Sprëtzen héieren,mat deenen een de Reschtvolume reduzéieren kann an een esou mat enger Sprëtz 1-2 Dosen méi versprëtzen kann?
  • Wann jo, sinn dës Sprëtzen bis elo zu Lëtzebuerg benotzt ginn?
  • Falls net, huet d’Regierung fir der ze bestellen?
  • Wéi vill Dosen pro Sprëtz vun eisen 3 Impfstoffer (Pfizer, Moderna, Astrazeneca) ginn gesprëtzt ?
  • Wéi vill Dosen sinn bis dato am generellen gesprëtzt ginn ?
  • Wéi vill Impfstoff ass bis elo ewechgeheit ginn am Fall wou en net vun esou speziellen Sprëtzen konnt genotzt ginn ?
  • Am Fall wou d’Regierung déi uewen mentionéiert Sprëtzen net benotzt ,wéi vill Impfungen kéinten mat deenen Sprëtzen agespuert ginn ? Wéi vill Leit kéinten mat dëse Sprëtzen méi geimpft ginn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Kemp-Arendt

Deputéiert

Zréck