Ginn dës Enquêten just bei der Kinesitherapie gemaach oder och nach bäi anere Gesondheetsberuffer ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir sozial Sécherheet wieder ze leeden.

Eis national Gesondheetskeess (CNS) realiséiert aktuell eng Enquête iwwert d’Facturatiounen am Gesondheetswiesen.

Deemno hunn laut mengen Informatiounen de Kiné‘en hier Patienten e Formulaire zougeschéckt kritt op deem de Relevé mat de facturéierten Prestatiounen, deen vum Kiné „par voie de tiers-payant“, also direkt am Numm vum Patient an Gesondheetskeess ageschéckt gëtt, figuréiert. Op dësem Formulaire sinn d’Patienten gebueden auszefëllen ob déi eenzel Prestatiounen op deem vum Kiné kommunizéiertem Datum tatsächlech effectuéiert gi sinn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Aus wéi engem Grond gëtt dës Enquête am Kinéssecteur gemaach?
  • A wéi enge weidere Beräicher ginn esou Enquête gemaach?
  • Si schonn an aneren gesondheetlechen Secteuren esou Enquête gemaach ginn?
  • Wann dëst de Fall ass, a wéi engen?
  • Wat ass de Käschtepunkt vun esou enger Enquête?
  • Sinn d’Leit obligéiert ob dëse Courrier ze äntwerten?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck