Gëtt zu Lëtzebuerg och un der Entwécklung vun engem Führerschäin an digitaler Form geschafft?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

An Däitschland gëtt den digitale Führerschäin lues awer sécher Realitéit. Engem Zeitungsartikel no ass déi éischt Etapp vum digitale Führerschäin vum Kraftfahrtbundesamt a vun der Bundesdruckerei entwéckelt ginn. Iwwer eng spezifesch App kënne sech an Zukunft Leit, déi e Führerschäin hunn, hire Permis an digitaler Form ausstelle loossen an dësen digital op hirem Smartphone ofleeën. Nach ersetzt den digitale Permis dee klassesche Führerschäin net, et versprécht ee sech dovun awer méi einfach Prozeduren, beispillsweis bei der Locatioun vun engem Auto oder beim Carsharing.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Gëtt zu Lëtzebuerg och un der Entwécklung vun engem Führerschäin an digitaler Form geschafft?
  • Wa jo, wéi eng Institutioune respektiv Entreprisen sinn an deen Developpement involvéiert?
  • Wéi eng Avantage wäert deen digitale Führerschäin par Rapport zum klassesche Permis hunn?
  • Wéini kéint den digitale Führerschäin zu Lëtzebuerg operationell sinn?
  • Fir de Fall, wou d’Entwécklung vum digitale Führerschäin fir Lëtzebuerg nach net ugelaf wier, wat ass de Grond fir déi Zréckhalung?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck